Description:
Den George Mergenthaler hat alles: Hie war jonk, charismatesch, ongewéinlech attraktiv, e begaabte Sportler mat engem Ofschloss vun enger 'Ivy League' Universitéit, dee fléissend Däitsch a Franséisch geschwat huet, an ausserdeem war de 'Merg', wéi seng Frënn hie genannt hunn, och nach deen eenzege männlechen Ierwen vun engem grousse Familljeverméigen.
Mee am Dezember 1944, nodeem d'Japaner Pearl Harbour ugegraff haten, war dat alles egal. Well hien och wollt säin Deel bäidroen, huet de Merg säi verzaubert Liewen opginn an sech fräiwëlleg bei der Arméi gemellt. Hie gouf engem Opklärungstrupp an der 28ter Infanterie-Divisioun zougedeelt, déi sech sollt duerch Frankräich, d'Belsch a Lëtzebuerg kämpfen. Mëtt November 1944, no zwou Woche vu fuerchtbaren, bluddege Gefechter am Hürtgenwald, gouf di ramponéiert, midd gekämpften 28st Infanterie-Divisioun no Weste geschéckt fir e bësse wuelverdéngten R&R.
De Merg an de Rescht vum Opklärungstrupp goufen an där klenger Uertschaft Eschweiler (Eeschwëller) ënnerbruecht, wou d'Zaldoten sech séier mat den Duerfleit ugefrënnt hunn, déi mat hinnen hier Haiser, hier Moolzechten, Hoffnungen an Dreem gedeelt hunn. Well et him liicht gefall ass, ze kommunizéieren, a well hie seng gutt gefëllte Päck vun doheem ëmmer gedeelt huet, huet d'Duerf de Merg geschwënn als een aus hirer Mëtt ugesinn. Fir eng kuerz Zäit huet d'Liewen rëm bal normal geschéngt.
D'Idyll gouf ee Mount méi spéit zerschloen, wéi di Däitsch en Iwwerraschungsugrëff duerch d'Bëscher vun den Ardennen gestart hunn. D'Battle of the Bulge hat ugefaang. Zesumme mam Rescht vu Lëtzebuerg war Eschweiler drop an drun, vum schnellen däitsche Virstouss iwwerrannt ze ginn. Wéi den Opklärungstrupp sech huet missen aus dem Duerf zréckzéien, sinn si direkt an d'Truppespëtzt vun den Däitschen an deem Sektor gerannt. Si waren ageklemmt an hate just zwou Optiounen: Gefaangeschaft oder Doud. An dëser Situatioun huet de Merg bewisen, wat fir ee wierklech aussergewéinleche Mann hie war.
Brief description: Peter Lion is a 7-time Emmy winning Producer, Director and writer.
Review Quotes:
'Dem George Mergenthaler seng Liewensgeschicht ass vu grousser Mënschlechkeet a Verbonnenheet gepräägt. Enn 1944 sinn de "Merg" an seng amerikanesch Kolleege ganz séier zu engem feste Bestanddeel vun der Uertschaft Eeschwëller ginn, éier hien säi Liewe fir eis Heemecht verluer huet. Dëst Beispill vun enger déiwer amerikanesch- lëtzebuergescher Frëndschaft soll eis och 75 Joer nom Enn vum Zweete Weltkrich als Virbild vun Zesummenhalt, Komerodschaft a Solidaritéit déngen.' - Xavier Bettel Staatsminister
'Eng memorabel an ergräifend Mikro-Erzielung aus dem Zweete Weltkrich...eng immens beweegend Geschicht, elegant erzielt.' - Roger Moorhouse, Historiker; Auteur vun 'First to Fight: The Polish War 1939' an 'Berlin at War'
'Ee kraaftvollt an déifgräifend Buch, eng Flichtlektür fir jiddereen, dee sech fir Geschicht a militäresch Sachliteratur interesséiert: MERG ass eng Geschicht vun Altruismus a groussem Courage, d'Geschicht vun engem bemierkenswäerten einfachen Zaldot, dee frou mat engem Duerf war, an dem Duerf, dat seng Gefiller erwiddert huet.' - Marcus Brotherton, Auteur vun den New York Times Bestselleren 'Blaze of Light', 'We Who Are Alive & Remain', 'A Company of Heroes' an 'Shifty's War'